Bargeldzahlung in Zeiten von Covid-19: Erfahrungsbericht eines Verbrauchers


Betreffend de Refus vu verschiddene Geschäfter, Bäcker, Apdikten,... de Leit hiert Borgeld ze akzeptéieren - Et liest een heefeg, dat wier eng richteg Mesure a kee soll eng opféieren, nëmme well elo deen een oder anere Bop säi Brout net kéint mat senger Mënzsammlung bezuelen.

Et geet net nëmmen em de Bop an d'Bom, et geet och em déi Leit, déi de Revis bezéien a keng Bancomatskaart kréien, déi déi an engem Foyer wunnen an deels ener Curatelle oder Tutelle stinn a nëmme Borgeld zur Verfügung hunn, asw. Et ass eng Beschneidung vun deene Leit hire Rechter, mat Argumenter déi haltlos sinn.

Huel d'Beispill vun der Fiels, do sinn de landeswäit bekannte Bäcker F. an de Supermarché D. als enzeg Bezugsquell fir Liewensmëttel. Béid refuséieren elo dem Client bor ze bezuelen! "Bleiwt doheem a maacht keng onnëtz Deplacementer", heescht et vun offizieller Säit. Wou ginn dann déi Leit ouni Kaart elo akaafen. Fueren se bis op de Mierscherbierg a versichen do hiert Gléck?

Mir als Personal an diverse Foyer'en sinn um Punkt, dat mir bei eisen Akeef fir jeweils 8-10 Leit op déi egen, privat Bankomatskaart zréck mussen gräifen an honnerten € virstrecken. Gutt, mir kënnen d'Suen als Borgeld duerno nees äus der Keess vum Betrieb zréck huelen, mee dann hu mir et am Portemonni a bleiwen drop sëtzen. En plus huet e jo och nach Famill doheem an déi bräuch och Geld um Kont fir Akeef. Also ass dat keng Léisung.

Ech hunn et de Moien drop ukomme gelooss. Eng eeler Persoun, gouf elo fier d'zweet bäim Bäcker ofgewisen. Sie wunnt bei eis an engem Foyer, wou och 8 aner Leit vun der "illegaler" Mesure, Borgeld ze refuséieren, betraff sinn. Op der Plaz bäim Bäcker, de Communiqué vun der ULC presentéiert, den Artikel 556 zitéiert, a no bëssen hin an hier é Member vun der Direktioun um Telefon. No x valabelen Argumenter an Erklärungen, virwat hier Mesure grousse Kabes ass an d'Mënschen an 2. Klassen andeelt, déi privilegéiert mat Kaart an déi maner privilegéiert ouni Kaart, ass weider op stur geschalt ginn.

Stellvertriedend fir all Betraffenen a well et an eiser Alldagsaarbecht e Problem duerstellt, hunn ech d'Police op d'Plaz geruff, déi ganz fein a kompetent op d'Gesetz higwisen huet, dat seet dat Borgeld net däerf refuséiert ginn, äusser et handelt sech em Falschgeld. Soit, et gounge nees e puer Telefonater hinn an hier, gefouert vun der Police. Fakt ass, d'Direktioun vum Bäcker F. hëlt d'Gesetz zur Kenntnis, STELLT SECH AWER IWERT D'GESETZ, a bleiwt stur mam (fadenscheinegen) Argument, et géing hinnen em d'Gesondheet vun hire Mataarbechter goen. Ech respektéieren dat wuel, awer virwat huet d'Mme hanert der Théik da keng Mask a keng Händschen un a virwat net, ewéi bal iwerall ze gesin, keng Plexiglasscheiw als Schutz op der Théik? Dat wiere méi néideg a wierklech Moossnahmen, fir d'Gesondheet vun de Mattaarbechter ze schützen.

Enn vun der Geschicht, souguer der Police waren d'Hänn gebonnen, déi huet mir ugeroden der ULC de Virfall ze schilderen. Och déi ware ganz fein, och hinne sinn aktuell nach d'Hänn gebonnen (trotz Communiqué de Presse vu gëschter) an si hu mech verwisen un de Finanz- resp. Economieministère. Och hei superfein Leit, déi en opent Ouer haaten a kompetent reagéiert hunn. Hei gouf versprach dat sech gekëmmert get, resp. d'Saach weidergeleet get. A voir...

Ironie bäi der ganzer Geschicht, de feinen Här vun der Economie gouf kuerz virdrun selwer bäim Bäcker F. ofgewisen an kruut kee Pausebréidchen,... hien haat just Borgeld derbäi.

Ka gäre gedeelt an diskutéiert ginn.

Guy Daems