RTL : ULC - Keng Kloerheet bei Remboursement vun Identitéitskaarten (06/11/12)


Déi laang Waardezäiten op de Kontrollstatiounen, déi héich Taxispräisser an de Verloscht vun der Kafkraaft, dat si Sujete mat deene sech den ULC befaasst.


Op enger Pressekonferenz hunn déi Responsabel vun der ULC den Iwwerschlag vun den Theme gemaach, déi eis Konsumenten all direkt betreffen.

Dorënner och dee vun den iwwer 80.000 Cartes d'Identités, déi hu missen ersat ginn. Den Inneminister hat ugekënnegt, datt d'Leit an d'Gemengen hir Frais géife rembourséiert kréien, mä esou d'Kritik vum President vun der ULC, Nico Hoffmann, Kloerheet iwwer d'Modalitéiten vun deem Remboursement, léisst op sech waarden.

An eegener Saach ass d'ULC onzefridde mat hirem Tutell-Minister, wat de Wirtschaftsminister ass. Deen huet d'Conventioun mam Konsumenteschutz fir 2013 ëm 66.000 op 800.000 Euro gekierzt. D'ULC erënnert drun, datt si 44.000 Stéit hei zu Lëtzebuerg vertrëtt. Déi kënnen de Kapp awer a Rou leeën, trotz Budgetskierzung bleift d'Kotisatioun bei 50 Euro.