ULC: Kleng Mënzen ofzeschafen ass keng gutt Iddi (06.06.13)


Dat seet de Konsumenteschutz, nodeems d'EU-Kommissioun viru kuerzem matgedeelt huet, dass si doriwwer nodenkt, d'1- an 2-Cent-Mënzen ofzeschafen.

D'ULC seet, dass et och aner Méiglechkeete gëtt, fir de Problem, deen d'EU-Kommissioun gesäit, ze léisen.

D'Argument vun der EU-Kommissioun ass jo, dass d'Produktioun vun de Mënz ze deier wier. Zënter der Aféierung vum Euro hätt d'Hirstellung vun dësen 2 verschidde Mënzen am ganzen e Verloscht vun 1,4 Milliarde mat sech bruecht. D'Mënz aus Käschtegrënn ofzeschafen, hält de Guy Goedert vum Konsumenteschutz awer fir keng gutt Iddi. D'Erfahrung géif soen, datt esou eng Aktioun eng Präiserhéijung mat sech bréngt.

Wier dann net eng Iddi am Fall wou d'Mënz verschwannen mat de Geschäftsleit ze verhandelen, an Accorden ze treffen, dass d'Präisser net ze vill an d'Luucht ginn? Dat wier bei der Aféierung vum Euro de Fall gewierscht, an och hei géif sech den ULC sech där Iddi net verschléissen.

D'Argument vun der EU-Kommissioun d'Mënz wéinst dem Käschtepunkt ofzeschafen, fënnt de Guy Goedert och net ganz sënnvoll. Et kéint ee jo méi bëlleg Materialien, wéi zum Beispill Blech benotzen, fir d'Mënzen ze produzéieren.

Konkret Ukënnegunge vu Säite vun der EU-Kommissioun gëtt et bis well nach keng. Nach lafen nämlech d'Gespréicher mat Interessensvertrieder. D'Lëtzebuerger Regierung huet iwwerdeems nach keng Meenung zu dësem Thema.

Quelle: RTL